Léif Clienten,
Heimat deele mir Iech mat, dass Dir ab e Méindeg den 20.Abrëll erëm Spenden am Re-naissance Geschäft op, 33, Grand-Rue L-9530 Wiltz kënnt ofginn.
Bedingt duerch de COVID-19 Virus bitze mir an eisem Bitzatelier am Moment haaptsächlech Masken, mir sinn also Dankbar fir all Spend vun Stoff oder Lastiken
Dir kënnt selbstverständlech awer och weiderhin folgend Artikele fir eis bréngen:
- Kleedung an Accessoiren fir Fraen, Männer, Kanner a Puppelcher
- Poppen, Petzien an hir Accessoiren
- Kannerbicher
- Spillsaachen a Brietspiller
- Kutschen a Buggien,
- Gefierer fir Kanner (Vëloen, Dräirieder, etc)
- Geschir a Besteck fir Kanner
- Alles iwwer Schlof (zum Beispill, Bettwäsch/ Schlofsäck / Këssen)
- etc …
Mir bieden Iech awer just Saachen ofzeginn, déi propper an an engem neiwäertegen Zoustand sinn.
Mir stinn Iech selbstverständlech och an dëser Zäit vun Méindes bis Freides vun 08:00 bis 16.00 Auer iwwer Telefon 26 95 22 222 an iwwert E-Mail. re-naissance@wiltz.cigr.eu zur Verfügung.
Bleift gesond!
Är Re-naissance Équipe